Hei stellen mär déi neisten Ännerunge vun der Homepage vir.

D'Veräiner kënnen elo eege Fotoen virstellen. Mär bréngen se dann hei op de Site. Interessant wär et, wann Dir d'Fotoen iwwer "Wetransfer" era géift schécken -  https://www.wetransfer.com/.

Dës Méiglechkeet ass gratis. Et kann ee bis 2 GB Daten eroplueden an den Adressant kritt eng E-Mail wou hie sech Date kann eroflueden, dëse Link ass just 2 Woche gutt.

D Fotoe mussen gläich oder méi grouss sinn wéi 1200x800 Pixel.

Wéi fonctionnéiert de WeTransfert:

    Den Programm Starten

  Daten oder Fotoen auswielen

  Den Empfänger an dësem Fall Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! aginn

  Déi eegen e-Mailadress aginn, duerno "Übertragen drécken" a schon ass et geschitt

zur Information kritt een eng Mail datt d'Iwwerdroung geklappt huet a spéider wann den Empfänger se obgemaach huet.

 

Fir de Manifesta ginn et och verschidde Méiglechkeeten wéi een Evenementer era ka schécken per Post oder E-Mail :

De klassesche Wee mam Formular deen all Veräin zougeschéckt kritt,

Da besteet d'Méiglechkeet de Formular als PDF nei vum Site erofzelueden

oder de Formular direkt um PC auszefëllen. Hei kann een och nach e Flyer oder eng Plakat matschécken.

 

Och interessant ass et, fir e QR-code mat anzesetzen. Eng gutt Alternativ fannt Dir hei:  http://goqr.me/de/

 

Bei "Tourismus" hu mär eng Rubrik "Käler Events". An där Rubrik stellen mär déi grouss Aktivitéiten aus eiser Gemeng vir.

Besonnesch beim "Blummemoart" an bei der "Fête de la Musique" brauche mär Hëllef vun de Veräiner dei do matmaachen.

Déi 2 Evenementer ginn ëmmer global virgestallt, ob eiser Säit wëlle mär awer d'Veräiner déi beim SITCK Member sinn, mat Fotoen a mat deem wat si do verkafen, virstellen.

Esou huet kann jiddereen sech besser virstellen waat gebueden get, oder och gezielt bei dem engen oder aneren kucken goen.

 

D'Bliedchen kann een sech och direkt op de PC als PDF eroflueden, ... et ka sinn, datt et wéinst der Gréisst vum Bliedchen en Ament méi laang dauert.

Bei der "Dopbox" wou D'Bliedchen gespeichert ass, muss een sech net umellen.

 

Manifesta

Hei gëtt et verschidde Méiglechkeeten fir eng Manifestatioun eran ze ginn:

De klassesche Wee mam Formular deen Där all 3 Méint zougeschéckt kritt, kënnt Dir per Post oder E-Mail eis zouschécken.

Um Site ass e PDF-Formular, dee kann een erausdrécken, ausgefëllen a per Post oder E-mail verschécken.

E PDF-Formular deen um PC kann ausgefëllt ginn ass an der Aarbecht.

Och mat engem Online-Formular kënnen d'Evenementer erageschéckt ginn.

 

   
   
September 2017
Mo Di Mi Do Fr Sa So
1 2 3
4 5 6 7 8 9 10
11 12 13 14 15 16 17
18 19 20 21 22 23 24
25 26 27 28 29 30
   
36746
HautHaut18
GëschterGëschter79
Dës WochDës Woch18
Dëse MountDëse Mount1641
All DagAll Dag36746
Dei Meeschten 05.12.2016 : 146
Statistik erstellt: 2017-09-25T04:35:50+02:00
Gaascht online 28
   

Login Form